|
|
Den Theatre National du Luxembourg presentéiert
e Kaméidistéck vum Guy Rewenig Regie : Christiane Rausch Uropféierung: 03.03.2007: am Theatre National du Luxembourg |
||
Et hu gespillt: Nelly Nothum "Ornella Zaranotti": Yannchen Hoffmann Carlo Miller : Carlo Hartmann Ali Reckinger : Al Ginter Regie: Christiane Rausch, Co-Regie: Daniel Texter Bühn a Kostümer: Katharina Polheim, Musek: René Nuss, Luucht: Zeljko Sestak
Zwee Männer an engem Altersheem probéieren, mat feste Ritualer nach e bësse Liewensqualitéit erauszeschloen. Da fällt op eemol eng Frau vum Himmel, déi denen zwee esou de Kapp verdréint, datt hir Häerzer nach eng Kéier richteg zolitt ufänken ze brennen. Déi ganz Geschicht ass fir sech dout ze laachen, wuertwiertlech. De Guy Rewenig léisst d'Stéck am fitness room vum Altersheem spillen, op där Plaz, wou d'Illusioune besonnesch kräfteg glënneren.Säin Text Kanniküll ass zwar voller (verzweiwelter) Komik, awer hie schafft donieft och dee batteren Hannergrond eraus: den Zerfall vun allen Dreem, den Doud als Perspektiv, déi lescht Revolt géint d'Evidenz vum Liewesenn. Et gëtt vill ze laachen an dësem Kaméidistéck. Dat Laachen ass eben de Privileg vun eis alleguer, wa groteskerweis den Doud an d'Haus steet. Den Titel Kanniküll ass eng Uspillung op de Chaos an der Welt, deen de Chaos an den Häerzer vun den Haaptfigure spigelt. Et ass kee Verlooss méi op näischt, vum Fréijoer bis an de Wanter plot eng schrecklech Afenhëtzt ("Kanniküll") d'Pensionäre vum Altersheem. Och dat ass fir ze laachen - wann alles bei der Däiwel geet, huet et kee Sënn méi, nach laang ze lamentéieren.
|
|||